Search

You may also like

Een éischten Tëschebilan fir de CGDIS
Meenung Neiegkeeten

Een éischten Tëschebilan fir de CGDIS

Vergaangene Freideg huet d’Inneministesch Taina Bofferding, zesumme mat de berodenden

Brexit: „de nordiresche Patient“
Meenung Neiegkeeten

Brexit: „de nordiresche Patient“

Gëschter huet déi britesch Regierung d‘Menace vun der klenger nordirescher

De Rechnungshaff huet sech d‘Pirate gekroopt
Meenung Neiegkeeten

De Rechnungshaff huet sech d‘Pirate gekroopt

Am Bericht vum Rechnungshaff mat Bezuch op d‘Parteiefinanzéierung, géif et

CovidCheck op der Schaff: „Kommunikatiouns-Pärelen“ (Kommentar)

CovidCheck op der Schaff: „Kommunikatiouns-Pärelen“ (Kommentar)

Datt et sech erëmgeschwat huet, datt trotz eppes aarbechtsrechtleche Bedenke vill Entreprisen a Verwaltungen dee vun der Regierung agefuerderte „CovidCheck op der Schaff“ ëmsetzen, wat da schonn zur Entloossung vun enger Soignante gefouert huet, ass gewosst. Datt de CovidCheck sech natierlech och allen Déngschtleeschter, déi „op Besuch“ kommen imposéiert, wuel och Logesch.

An dësem Kontext huet et Entreprisen a Verwaltungen, déi de Volet „Déngschtleeschter“ méi seriö huele wéi anerer, an hir Vertragspartner zäitno iwwert d‘Aféiere vum CovidCheck fir déi entsandten Aarbechter op hire Standuerter informéieren. Et mécht jo och Sënn gutt ze kommunizéieren, fir alle Mëssel vu vireran aus de Féiss ze goen. Dat trëfft ganz Konkret esou och op de CTIE zou…

Well esou ee Courrier säitens enger staatlecher Verwaltung, natierlech muss formell gehale sinn an de „Partner „ jo och net brüskéieren dierf, ass et wichteg datt d‘Schreiwes gutt formuléiert an déi enthalen Informatioune liicht a fir jidderee verständlech musse sinn. Beim Zenter vun den Informatiounstechnologien huet de Adjoint vum Direkter sech dëser Tâche perséinlech ugeholl.

Am Schreiwes aus de Fieder vum Daniel Nickels, dem Adjoint vum CTIE-Direkter, datéiert op den 29. Oktober, ginn also Fournisseuren an/oder Prestatairen drop higewisen, datt de CovidCheck ab dem 8. Oktober op alle 4 Standuerter vum CTIE applizéiert gëtt. Dat ass natierlech e sougenannte „freudsche Fauxpas“ an et dierft den Empfänger vun dësem Bréif de richtegen Datum bekannt sinn.

CovidCheck

Natierlech ka jiddereen sech emol verdinn, Méint kommen a Méint ginn. An och héichqualifizéiert Mënsche maachen zuweile Feeler, wat jo zanter de 70er Jore beim Klimaschutz androcksvoll a mat enger erstaunlecher Effizienz demonstréiert gëtt. Gutt fir de Klima ze retten an d‘Äerderwiermung ze stoppen, huet d‘Regierung de Mann net agestallt, seng Aufgab ass et den Internet ze schützen…

Hei stellt sech awer d‘Fro, firwat den Daniel Nickels, dee vill Zäit a Méi opgewannt huet, no der Redaktioun vum Schreiwes, dëst net nach emol vun engem vertrauenswierdege Mataarbechter iwwerliese gelooss huet. Et ass jo bekannt, datt een déi eege Feeler éischter net bemierkt, firwat et (wann een net esou ee mini Betrib ass, wéi mir ee sinn) gutt ass, en aneren dat maachen ze loossen.

Wéi och ëmmer, d‘Zäit zeréckdréinen ass wuel an enger virtueller Welt fir de binären Expert déi klengste Schwieregkeet, an der realer Welt ass dëst nach kengem gelongen, firwat et da logesch ass, datt et sech net dem 8. Oktober, mee ëm den 8. November ze handelen huet. Woubäi, et huet een hei schonn ee ganzt Offiziellt Dokument an Hänn, mat deem Reegele fixéiert ginn. Ass elo alles egal?

Illustratioun: © Christian Lue / unsplash

Related topics Bildungsdefizit, Bréiwer, CovidCheck, CTIE, Daniel Nickels, Formalitéiten, Kommunikatioun
Next post Previous post