Search

You may also like

Den Abrigado weist dat anert Gesiicht vu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten Stories

Den Abrigado weist dat anert Gesiicht vu Lëtzebuerg

Wäit fort vun de blénkege Gebaier vum Kierchbierg an de

D’Geschicht vum Mann, dee sech selwer gehollef huet

 (Lieserbréif)
International Neiegkeeten Stories

D’Geschicht vum Mann, dee sech selwer gehollef huet

 (Lieserbréif)

Eng kleng fiktiv awer leider tragesch Geschicht. Ech roden natierlech

IS-Khorasan versus Taliban
International Neiegkeeten Stories

IS-Khorasan versus Taliban

Wärend an der afghanescher Haaptstad, déi meescht militäresch Operatiounen nach

Grenzwäerteg!

Europa muss seng Wäerter a seng Grenze schützen, zur Nout mat maximaler Gewaltuwennung…

Grenzwäerteg!

Europa huet sech aus Grënn mam wäissrusseschen Diktator Alexander Lukaschenko zolidd an den Hoer, a well all Säit „ hir Spillercher spillt“ fänkt d‘Lag un oniwwersiichtlech ze ginn. Well erwise wier, datt déi wäissrussesch Regierung géif Migranten aus Nordafrika „importéieren“ fir se iwwert d‘Grenzen zur Europäescher Unioun ze schécken, dréine gewësse Politiker op der Felg.

Gutt dat huet net nëmme mat Politik mee och mat regionalen Traditiounen ze dinn, de Balkan huet bekanntlech esou seng Eegenheeten, an de Respekt viru Rechtsstaatlech wéi eng méi diplomatesch Approche am Konfliktfall, ass esouwuel a Polen wéi wuel och a Litauen, de Mënsche friem. Elo kann een awer och dësen net zum Virworf maachen, datt si hir an d‘EU-Grenze schütze wëllen.

Litauen a Polen, Länner déi generell keng Migranten/Flüchtlingen op hirem Territoire dulden, an do net eleng sinn, hunn elo d‘Sécherheetsmesuren op der Grenz zu Wäissrussland (Belarus) verstäerkt an och hir Leit ugewise mat aller Häert géint illegal Grenziwwertrëtter virzegoen. Eng Demande déi vun de Beamte mat vill Äifer berécksiichtegt gëtt. D‘Gewaltbereetschaft ass entspriechend present.

Ganz nom Gusto vun der PiS

Et kann een unhand der politescher Ausriichtung vu Polen, net wierklech behaapten, datt een zu Warschau immens traureg iwwert d‘Entwécklung un der Grenz wier. Et erlaabt dem Regime jo engersäits Stäerkt ze demonstréieren, an anersäits der Unioun ze weisen, wéi wichteg Polen als Grenzpolizist ass. Polen huet jo aktuell eppes Meenungsdifferenze mat der EU-Kommissioun…

Um Méindeg huet de polnesche Staatssekretär Piotr Warzyk Minsk ënnerstallt, eng Provokatioun ze organiséieren, andeems masseweis Migranten/Flüchtlinge sollen an d‘EU ageschleist ginn. An et huet tatsächlech an de sozialen Netzwierker Videoen, déi dës Ausso bestätege wëllen. Dat muss den Autoritéiten net iwwerzeegend genuch gewiescht sinn, firwat de polnesche Grenzschutz matmécht.

De polnesche Grenzschutz publizéiert da Biller op Twitter, unhand deene wëll nogewise ginn, datt Migranten/Flüchtlinge beim Grenzduerf Kuznica versichen de Stacheldrot ze iwwerwannen. Hei dann och d‘Behaaptung, datt dës Mënsche vu wäissrusseschen Zaldote géife begleet a kontrolléiert ginn. Well d‘Ausso vum Coordinateur vum Geheimdéngscht kënnt, ass eppes Virsiicht ubruecht.

Richteg ass dann awer, datt d‘Regierung eng Krisenzell aberuff huet, nodeems d‘Wäissrussen, déi jo ganz aktiv dëst politescht Spillchen ënnerstëtzen, ee Méindeg an de Raum gestallt hunn, datt eng 2.000 Mënschen um Wee a Richtung polnesch (gemengt ass éischter EU) Grenz ënnerwee sinn. Dat huet déi polnesch Regierung ermontert seng Truppen un der Grenz ganz massiv ze verstäerken.

Polen

Dobäi huet et schonn 12.000 Zaldoten, déi just drop waarde lassgelooss ze ginn, fir hirer Wut a Roserei fräie Laf ze loossen. Zanter de Moien 7.00 Auer ass de Grenziwwergank Kuznica zou an wien elo vu Wäissrussland a Polen a reese wëll, muss sech mat de Grenziwwergäng Terespol oder Bobrowniki zefridde ginn. Et herrscht Ausnamezoustand an d‘Press muss dobausse bleiwen…

Mee de Regime vu Minsk „bedreet“ mat senger Vëlkerwanderung jo net nëmmen de polnesche Grenzberäich, nee och aner Noperen, an dësem presente Fall Litauen, sinn direkt vun den neien diplomatesche Geflogenheete betraff. D‘Inneministesch vu Litauen, Agne Bilotaite, huet gëscht erkläert, datt nach Zaldoten un Grenz verluecht ginn an iwwert den Ausnamezoustand berode gëtt.

Polen

Interessant an dësem konkrete Fall: wann ee bedenkt wien sech alles erlaabt huet de Spunnes mam sympatheschsten US-President an der amerikanescher Geschicht ze maachen, just well dësen eng Mauer zu Mexiko opriichte wollt (déi jo partiell steet a stoe bleift), fir elo selwer Maueren, oder zumindest Stacheldrot a Kläpper op der Grenzen opzestellen. Och fir Migratioun ze verhënneren.

Natierlech gëtt vun der EU-Kommissioun ganz formell géint déi wäissrussesch Absichte protestéiert an et kann een unhand deem wat bekannt ass, dem Alexander Lukaschenko schonn eng geziilten Aktioun ënnerstellen. An dësen huet jo dank der koordinéierter Migratioun-/Flüchtlingspolitik vun der EU, och eppes Erfarungswäerter, déi, wann se clever agesat ginn, duerchaus hiren Notzen hunn.

Polen

Déi haaptsächlech genotzte Verbindungen a Richtung Minsk sinn: Beirut, Dubai an Istanbul. Déi grouss Majoritéit, dat ass onbestridden, notzt de Loftwee ab Istanbul. Laut „gutt informéierten israelesche Servicer“ hätt et an dësem Kontext eng ganz effizient Kooperatioun tëscht Ankara a Minsk, wat erkläert datt déi meeschte Flüchtlinge Kurden aus dem Irak a Syrien sinn.

Kurden (egal wou se hierkommen) sinn entspriechend der Formuléierung vum Sultan Recep Tayyip Erdogan, jo bekanntlech alles Terroristen an hie ass frou iwwert all Refugié deem hie sech kann entleedegen. Mat de Scheiche kann sech d‘EU et net verdierwen, de Libanon erlieft grad säi politeschen Armageddon an den NATO-Partner Tierkei kann een aus „anere Grënn“ net zëssen.

mat indymedia/bru/waw/vno/tlv

Foto: Krisesëtzung vun der polnescher Regierung mam Andrzej Duda no der Feststellung, datt dausende Migrante a Richtung Grenz ënnerwee sinn © Marek Borawski/KPRP

Related topics Asylpolitik, EU-Baussegrenzen, Flüchtlingen, Litauen, Migranten, Polen, Wäissrussland
Next post Previous post