Search

You may also like

Philharmonie – een neit Instrument gëtt ageweit!
International Neiegkeeten Sport

Philharmonie – een neit Instrument gëtt ageweit!

Gëschter Owend war an der Philharmonie eng méi lass. Bei

Nei fir d’Rentrée 19/20: De BTS „Assistant médico-administratif“
International Neiegkeeten Sport

Nei fir d’Rentrée 19/20: De BTS „Assistant médico-administratif“

De Maacher Lycée wäert bei der kommender Rentrée 2019-2020 mam

Verhalensreegelen am Stau
International Neiegkeeten Sport

Verhalensreegelen am Stau

Enthaaptung vun enger Spillerin vun der Volleyball-Nationalmannschaft duerch d‘Taliban

Enthaaptung vun enger Spillerin vun der Volleyball-Nationalmannschaft duerch d‘Taliban

Berichter vum Trainer vum Team besoen, datt d‘Taliban ee Member vun der weiblecher afghanescher Junioren-Volleyball-Nationalmannschaft gekäppt hunn. Den Numm vun der Spillerin war Mahjabin Hakimi. Een Trainer huet behaapt, dës fuerchtbar Dot wär schonn ufanks Oktober passéiert.

Hie sot an engem Interview, datt eng Spillerin mam Numm Mahjabin Hakimi vun den Taliban ermuert gi wär. Et wär awer keen eppes dovunner gewuer ginn, well Opstännesch hire Famillje gedreet hunn, net doriwwer ze schwätzen. D‘Mahjabin Hakimi huet virum Stuerz vun der Regierung vum Ashraf Ghani fir de Volleyball-Club vu Kabul gespillt a war anscheinend immens talentéiert. Hatt war eent vun de Star-Spillerinne.

Virun e puer Deeg sinn op de soziale Medie Fotoe vu sengem ofgetrennte Kapp a bluddegen Hals opgetaucht. Déi jonk Spillerin huet der ethnescher Grupp Hazara ugehéiert – dëst ass eng afghanesch Minoritéit, déi vun den Taliban gehaasst a gefoltert gëtt. D‘Hazara sinn déi drëttgréisst ethnesch Grupp am Afghanistan an eng reliéis Minoritéit. Ongeféier 10 Prozent vun de Moslemen am sunniteschen Afghanistan si Schiiten a bal all sinn Hazara.

Afghanistan

Esouwuel d‘Taliban wéi och den Islamistesche Staat si sunnitesch. D‘Hazara solle mongolesch- an zentralasiatescher Ofstamung sinn an d‘Nokomme vum mongolesche Führer, Dschinghis Khan, deen am 13. Joerhonnert an Afghanistan amarschéiert ass. Si liewen haaptsächlech an der Biergregioun vun Zentralafghanistan, wat als „Hazaristan“ oder d‘Land vun den Hazara bekannt ass.

Ee Bericht vun der Hëllefsmissioun vun de Vereenten Natiounen aus dem Joer 2018 weist, datt sech déi meescht Ugrëffer vun den Taliban op Ziviliste géint Minoritéite riichten, vun deenen déi meeschten der ethnescher Grupp Hazara ugehéieren. Den Trainer vun der afghanescher Junioren-Volleyball-Nationalmannschaft seet, datt nëmme wéineg Spiller d‘Land verloosse konnten, iert d‘Taliban am August d‘Kontroll iwwerholl hunn. D‘Mahjabeen Hakimi huet zu de villen aneren onglécklechen, athletesche Frae gehéiert, déi zeréckgelooss goufen.

Illustratioun = Twitter

Related topics Afghanistan, Mahjabeen Hakimi, Mord, Sport, Taliban, Volleyball
Next post Previous post