Search

You may also like

Een Trump fir ee besaten Territoire
Kultur Neiegkeeten

Een Trump fir ee besaten Territoire

Et huet een esou villes vum Donald Trump kritt: d‘Unerkennung

Frontex: Gutt Minn zum béise Spill?
Kultur Neiegkeeten

Frontex: Gutt Minn zum béise Spill?

Wann ee sech Berichterstattungen iwwert Séinoutrettung duerchliest, fält engem dacks

Covid19-Hotspot an der Gemeng Suessem
Kultur Neiegkeeten

Covid19-Hotspot an der Gemeng Suessem

Wéi säitens der Regierung matgedeelt gëtt, huet aus nach bis

Lëtzebuerg-Palestina Filmfestival

Lëtzebuerg-Palestina Filmfestival

De Comité fir ee Gerechte Fridden a Palestina (CPJPO) organiséiert vum 20. bis den 30. November déi éischt Editioun vum „Lëtzebuerg-Palestina Filmfestival

Duerch hir Filmer wëll de Comité fir ee Gerechte Fridden a Palestina, den Artisten a Realisateuren d‘Méiglechkeet ginn, mam Public hir Geschichten, déi sozial, politesch a wirtschaftlech Realitéit vu Palestina aus eegener Siicht ze deelen. Dofir begräift dëse Filmfestival e grousse Volet „Echangen, Debatten an Diskussiounen“, wou d‘Public sech abrénge kann. Et ass also och eppes politesch.

Et huet dann nach eppes weider op sech, datt d‘Bezeechnung „Lëtzebuerg-Palestina Filmfestival“ gewielt ginn ass. Dëst Joer fënnt de Festival zu Lëtzebuerg statt, an hei ginn exklusiv Produktioune vu palestinensesche Realisateure gewisen. Déi zweet Editioun soll dann a Palestina stattfannen, wou de CPJPO de Lëtzebuerger „Film“ presentéiere wäert. Den Datum heizou ass nach net bekannt.

Heibäi geet et awer nëmmen drëms, déi räich, wann och eppes ënnerschätzte Filmkultur vun dëse klengen Natiounen ze fërderen, mee et soll eng Plattform fir d‘Realisateuren aus den zwee Länner ginn. Dës Leit sollen sech begéinen, austauschen a méiglechst zesummeschaffen. Eng un a fir sech genial Iddi, déi wuel och méi Versteesdemech fir déi palestinensesch Kausa mat sech bréngen dierft.

De Programm:

  • 20. November 20.00 Auer: 200 meters (vum Ameen Nayfeh) – Cinemathéik
  • 21. November 19.00 Auer: Konferenz „D‘Duerstellung vum israelesch-palestinensesche Konflikt um Ecran“ (mam François Dubuisson) – Théâtre du Centaure
  • 22. November 19.00 Auer: Kuerzfilmer – CNA (Diddeleng)
  • 23. November Workshop „Journeys in the schoes of Palestinians“
  • 24. November 18.30 Auer: Walled Citizen (vum Sameer Qumsiyeh) – Cinemathéik
  • 26. November 18.30 Auer: Not just your picture (vum Ann Paq an Dror Dayan) – Altrimenti
  • 27. November 19.00 Auer: Retrospektiv Farah Nablusi – Utopia
  • 29. November 18.30 Auer: Mafak (vum Bassam Jarbawi) – CNA (Diddeleng)
  • 30. November 19.00 Auer: 200 meters (vum Ameen Nayfeh) – CNA (Diddeleng)

Illustratioun: Gerd Altmann / pixabay

Related topics Comité fir ee Gerechte Fridden a Palestina, CPJPO, Debat, Echange, Film, Filmfestival, Kino, Konferenz, Kultur, Sponsored Story
Next post Previous post