Search

You may also like

Télétravail: Vill oppe Froen
Neiegkeeten Sport

Télétravail: Vill oppe Froen

Mëtt Mee hatt d‘CGFP de Minister vum Ëffentlechen Déngscht, Marc

Erkennt déi zukünfteg Koalitiounsregierung Palestina als Staat un?
Neiegkeeten Sport

Erkennt déi zukünfteg Koalitiounsregierung Palestina als Staat un?

OP d‘Fro déi um Site www.smartwielen.lu un d‘Parteien an d‘Kandidate

Chantier um Echangeur Hamm op der A1
Neiegkeeten Sport

Chantier um Echangeur Hamm op der A1

Wéi d’Stroossebauverwaltung matdeelt, wäert vu Freideg den Owend 20 Auer

D‘Lëtzebuerger Federatioun vum Esport informéiert

D‘Lëtzebuerger Federatioun vum Esport informéiert

6 Spiller aus verschiddene Verbänn, déi aktiv un der Entwécklung vum Esports a Gaming zu Lëtzebuerg matgewierkt hunn, hunn sech an de leschte 5 Joer zesummegedoen an den 10. Mäerz 2021 déi Lëtzebuerger Federatioun vum Esport gegrënnt.

Dës huet sech d‘Zil gesat, all Interessegruppen zesummenzebréngen an aktiv ze fërderen. Dozou gehéiere Spiller, Ekippen, Associatiounen, Organisateuren a Promoteuren. Dobäi wëll d‘Federatioun och d‘Organisatioun vun nationale Meeschterschaften ënnerstëtzen an den Interesséierten an der Ëffentlechkeet, Informatiounen zu elektronesche Sportaarten a Strukturen zur Verfügung stellen.

Elo ass d‘Federatioun esou wäit 3 Partnerschafte bekannt ze ginn. Dobäi gëtt d‘Post Lëtzebuerg den Haaptpartner. Dëst bedeit der Esport-Gesellschaft vill, sou ass d‘Post eng vun de stëtzende Sailen, wann et ëm dësen elektronesche Sport geet. Zanter zwee Joer organiséieren si och erfollegräich déi grouss POST Esports Masters.

Dës weidere gëtt 11F Media, den offizielle Mediepartner vun der Federatioun. An de sozialen Netzwierker sinn si staark present. Besonnesch talentéiert sinn si, wat d‘Kommunikatioun ronderëm de Gamingsport ubelaangt. Dës grouss Partnerschaft erméiglecht et, sech un all Spiller am Land ze adresséieren. Den drëtten a soumat leschte Partenaire ass déi kënneg LGX Arena.

D‘Competitiounsorganisatioun, made in Luxembourg, wäert der Federatioun a villen Hisiichten eng grouss Ënnerstëtzung sinn. Mat esou enger Ekipp kann een nawell op déi nächst Projete gespaant sinn.

Weider Informatioune fannt dir hei.

Illustratioun: © Ella Don / unsplash

Related topics Digitaliséierung, Esports, FLES, Gaming, Internet, Lëtzebuerger Federatioun vum Esport
Next post Previous post