Search

You may also like

surprise
Den „Tiers Payant“ ass ee wichtege Schratt zum universelle Versécherungsschutz
International Neiegkeeten

Den „Tiers Payant“ ass ee wichtege Schratt zum universelle Versécherungsschutz

Wann d‘ONG Doktere vun der Welt (MdM) den Debat ronderëm

surprise
China erënnert sech un d’Massaker vun Nanking
International Neiegkeeten

China erënnert sech un d’Massaker vun Nanking

China huet dëse Mëttwoch den trauregen 80. Anniversaire vum Massaker

Vereedegunge fir d’Gemenge Stroossen a Viichten
International Neiegkeeten

Vereedegunge fir d’Gemenge Stroossen a Viichten

Um Freideg Nomëtteg huet d’Inneministesch Taina Bofferding de Buergermeeschter an

Ee Stopp vum AKW Cattenom ass noutwenneg a machbar

Lëtzebuerg, Rheinland-Pfalz a Saarland leeën eng Etüd zur Versuergungssécherheet an der Regioun vir

Ee Stopp vum AKW Cattenom ass noutwenneg a machbar

35 Joer nom Supergau vun Tschernobyl an enger weiderer Katastroph zu Fukushima ass an der EU den Debat iwwert eng verstäerkte Fërderung vun der Atomkraaft nei opgeholl ginn. Vermeintlech steet dës Kéier de Kampf géint de Klimawandel am Virdergrond. Eigentlech geet et awer just drëm, finanziell schwéier belaaschten a vëlleg onrentabel Atomkonzerner an d‘Zukunft ze retten.

Lëtzebuerg, Rheinland-Pfalz a Saarland sinn onmëttelbar vun der Gefor vun den Atomkraaftwierker an den Nopeschregioune betraff.

„Dofir engagéiere mir eis mat aller Entschlossenheet géint déi weider Fërderung vun der Atomkraaft. Dat besonnesch och an eisen direkten Nopeschlänner. Fir eis ass kloer datt d‘Atomkraaft ugesiichts hiren onermiessleche Folgen a Geforen endgülteg der Vergaangenheet ugehéiere muss. Et dierfe keng ëffentlech Gelder zur Fërderung vum Ausbau vun der Atomenergie zur Verfügung gestallt ginn. Däitschland weist de Wee, datt en héich modernt a wichtegt Industrieland aus der Atomkraaft erausklamme kann. Och d‘Belsch plangt den schrëttweisen Ausstig aus der Atomkraaft“.

Dat soten esou d‘Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch; de Claude Turmes, Energieminister; d‘Anne Spiegel, Staatsministesch aus Rheinland-Pfalz zoustänneg fir d‘Geschäftsberäicher: Ëmwelt, Energie, Ernierung a Bëscher; an d‘Anke Rehlinger, saarlännesch Ministesch fir Wirtschaft, Aarbecht, Energie a Verkéier.

Am Kontext vun Ofschaltunge vun Atomkraaftwierker – wéi beispillsweis an der zanter Joren unhalender Debatt ëm Cattenom – gëtt oft no den dorausser entstoende Folge fir d‘Versuergungssécherheet gestallt. Dës Fro ass en zentraalt Gebuet am Energieberäich. Stroum muss net nëmme sécher a propper, mee an ausreechendem Mooss zur Verfügung stoen, well eis Energieversuergung am Kontext vun der Dekarboniséierung a ville Beräicher elektrifizéiert wäert ginn..

„Dofir hu mir duerch eng Etüd vun engem onofhängen Expertebüro préiwe gelooss, wéi eng Folgen eng Schléissung vum Atomkraaftwierk Cattenom op d‘Versuergungssécherheet hätt“, esou d‘Ministerinnen an de Minister weider.

D‘Versuergungssécherheet ass och no der Schléissung vum AKW Cattenom geséchert, zudeem ass och eng Ëmrëschtung vum Atomkraaftwierk méiglech

Dat weist eng Aschätzung vum unerkannten onofhängegen Expertebüro am Beräich vun der Versuergungssécherheet „Consentec“. D‘Experte constatéieren: „D‘Ufuerderung vun der Versuergungssécherheet steet enger Schléissung vum Atomkraaftwierk Cattenom net am Wee well gëeegent Ofhëllefmoossnamen technesch bekannt sinn an a vergläichsweiser kuerzer Zäit verfügbar gemaach kéinte ginn“.

Ugesiichts dem gutt organiséierten an ausräichend versuergtem westeuropäesche Stroumversuergungsreseau si keng Enkpäss ze erwaarden. Och eng systemdénglech Weiderverwäertung vu Maschinnen aus dem ongeféierlechen Deel vun der Anlag, halen d‘Experte fir méiglech: „Eng Méiglechkeet géif et an der Ëmrëschtung vun de Maschinnen am net nuklearen Deel vum Kraaftwierk Cattenom, zu sougenannte rotéierende Phaseschieber, bestoen. Dat gouf esou schonn an Däitschland beim ofgeschalte Kraaftwierk Biblis praktizéiert“.

D‘AKW Cattenom muss vum Netz geholl ginn. Eng Lafzäitverlängerung ass onnéideg a vëlleg inakzeptabel

Déi franséisch Regierung plangt an de kommende Joren, méi Atomkraaftwierker vum Netz ze huelen. Déi virgeluechten Etüd zur Versuergungssécherheet weist, datt d‘AKW Cattenom zu deenen Anlage gehéiere kann déi prioritär ofgeschalt kënne ginn. Lëtzebuerg, Rheinland-Pfalz a Saarland wäerten sech an enker Ofstëmmung fir dësen iwwerfällege Schratt asetzen a géint déi geplangte Verlängerung vun der Betribsdauer vum AKW Cattenom iwwer 40 Joer eraus virgoen.

Zudeem wäerten sech d‘Länner fir vëlleg Transparenz a Matbestëmmung asetzen: All Verlängerung brauch entspriechend der Espoo-Konventioun och eng ëmfaassend grenziwwerschreidend Ëmweltverdréiglechkeetspréiwung.

Déi erneierbar Energie si sécher, propper an ëmmer méi käschtegënschteg. Hinne gehéiert d‘Zukunft

Erneierbar Energie si sécher a propper. Si garantéieren de Klimaschutz an déi wirtschaftlech Entwécklung an eise Regiounen a wäerten zudeem géintiwwer der Atomkraaft ëmmer méi bëlleg ginn. Esou ass a Frankräich de Stroum aus den Offshore-Wandanlage mëttlerweil ëm bal zweedrëttel méi bëlleg wéi Atomstroum.

Eng 100% Stroumversuergung vum Land mat erneierbaren Energien ass laut dem franséischen Netzverwalter RTE technesch méiglech a laut der Agence fir d‘Ëmwelt och méi bëlleg wéi Atomkraaft. Ëmmer méi Etüde weisen, datt an der ganzer EU ee vollstänneg Ëmstig vun der Energieversuergung méiglech ass an esou och d‘Klimaziler kéinten erreecht ginn. Dofir wëlle mir gemeinsam a verstäerkt den Ausbau vun den erneierbaren Energien an alle Beräicher fërderen. Fir Klimaschutz, Versuergungssécherheet an de Schutz vun eiser Bevëlkerung ze verbannen.

matgedeelt vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung – fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © Thomas Millot / unsplash

Related topics Anke Rehlinger, Anne Spiegel, Atomkraaft, Carole Dieschbourg, Cattenom, Claude Turmes
Next post Previous post