Search

You may also like

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit
Neiegkeeten Sport

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit

Wien mengt, datt Transsexualitéit zu Lëtzebuerg kee grousst Thema ass

Adventsmaart am Konviktsgaart – Chrëschtdag ka kommen!
Neiegkeeten Sport

Adventsmaart am Konviktsgaart – Chrëschtdag ka kommen!

Um 1. Dezember 2018 ass et nees esou wäit! Am

Si hunn den Impfzenter Ettelbréck besicht
Neiegkeeten Sport

Si hunn den Impfzenter Ettelbréck besicht

Nodeems sech de Premierminister Xavier Bettel (DP), an de Sozialversécherungsminister

D‘ACEL luet an op den traditionellen „Tournoi de Noël“

D‘ACEL luet an op den traditionellen „Tournoi de Noël“

ACEL – de Studentevertrieder huet eng Informatioun fir all d‘Studenten

Léif Studenten an Studentinnen,

An der Chrëschtvakanz fënnt um Campus Geesseknäppchen den traditionellen Tournoi de Noël statt, dee vun der ACEL a Kooperatioun mat der LASEL organiséiert gëtt. Heibäi trieden zwee Deeg laang an dréi verschidde Sportaarten d’Studentencercle géinteneen un.

Wéi gewinnt gëtt rëm op zwee verschidden Datume gespillt :

  • 27. Dezember : Basket a Volleyball
  • 28. Dezember : Fussball

Den Tournoi de Noël fënnt dëst Joer reëm um Campus Geesseknäppche statt. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt. Wéi all Joers gëtt den Erléis fir e gudden Zweck gespent. All Lëtzebuerger Student deen hei matmaache wëll, soll sech beim Studentencercle vu senger Studentestad mëllen, well nëmmen dee kann d’Equipe bei der LASEL umellen.

Mir freeën eis iwwert all Presence, sief et als Spiller oder Supporter. Also kommt laanscht a verbréng zwee flotter Deeg mat eis zesummen!

Matgedeelt vun der ACEL – de Studentevertrieder

Related topics ACEL, Campus Geesseknäppche, Chrëscht-Tournoi, Chrëschtvakanz, Sport, Studentecercle
Next post Previous post