Search

You may also like

Francofolies 2021: „Ici c‘est Esch“!
Meenung Neiegkeeten

Francofolies 2021: „Ici c‘est Esch“!

Et wier bal een normale Festival, huet sech den Direkter

E Krimi schreiwen? Kee Problem!
Meenung Neiegkeeten

E Krimi schreiwen? Kee Problem!

Hutt Dir keng Loscht op e Buch oder e Film?

D‘Badeanstalt mécht seng Dieren zou
Meenung Neiegkeeten

D‘Badeanstalt mécht seng Dieren zou

… awer net fir ëmmer Am Kader vu Sanéierungs- a

Vu Gesetzer déi näischt daachen (kommentéiert)

Datt sech d‘Justiz nach misst mam „CovidCheck op der Schaff“ ausenanersetzen, dat war gewosst, mee dat esou séier géif kommen iwwerrascht

Vu Gesetzer déi näischt daachen (kommentéiert)

Wann ee bedenkt wéi vill Juristen et eleng ënnert de Minister an an der Chamber huet, a wéi vill Juristen dës zousätzlech nach an de Ministèren an/oder de Fraktioune beschäftegen, dann huet et eppes vun engem „DEA aus Nanzeg“ wann ee sech d‘Gesetzer am pandemesche Kontext ukuckt.

Mam leschte legislativen Text hu jo Regierung an d‘Koalitiounsparteien sech fir de CovidCheck op der Aarbechtsplaz, egal ob am privaten oder dem ëffentleche Secteur ausgeschwat. Datt et do wuel kéint zu Konflikter mat bestoende Gesetzer kéint kommen, firwat jo sengerzäit gemengt gouf, datt ee sech da wuel mam Recht misst arrangéieren, war berécksiichtegt ginn. Et hat jo vill gutt Grënn…

Engersäits läit eise fräiwëllegen Impftaux hannert den Erwaardunge vum Affekot a Staatsminister Xavier Bettel (72%) anersäits schéngt sech d‘Prozedur op der Schaff nozeweisen, datt een entweder geimpft, geheelt oder getest (PCR) jo och an anere Länner duerchzesetzen. Wat ass dann elo wann et Leit huet, déi dat net unhuelen? Eng Fro déi jo esou och vun de Gewerkschaften opgeworf gouf.

Datt et bei der éischter bekannter Affär, déi elo vun de Geriichter muss behandelt ginn ausgerechent ëm eng Soignante aus dem „Schumann“ (HRS) geet, wou jo aus erkläert gudde Grënn eng héijer Wuechtsamkeet bezunn op de Covid19 sënnvoll an esou wuel och berechtegt ass, mécht d‘Gesetz selwer net besser. Ob d‘Spidol vun de Riichter d‘Entloossung guttgehale kritt ass awer net gewosst.

Et ass och wichteg drop hinzeweisen, datt den HRS seng Leit zwar „ermontert“ net awer zur Impfung genéidegt huet. Just beim CovidCheck huet een, wéi gesot aus berechtegte Grënn, net mat schwätze gelooss. 89% vun de beschäftegte wiere laut dem HRS geimpft an de leschte renitente Salariéeë wier ee gratis Schnelltest als Alternativ ugebuede ginn. Gett dann elo hei ëm de Prinzip?

Aarbechtsbeschafungsmoossnam fir Juristen

Well de Sujet dank liicht verständlechem Gesetzestext dann awer méi komplex ass wéi ugeholl, wat duerchaus kéint als „Déngschtleeschtung ënner Juristen“ ausgeluecht ginn, ass unzehuelen, datt dës Damm aus deem ganzen eng Prinzipiefro mécht. D‘Froestellung hei ass banal einfach: „Wann et kee Gesetz huet dat eng Impfflicht virschreift, kann een dann engem Salarié zum Test zwéngen?“.

Ënnert de Juristen am Land en héich diskutéierte Sujet, deen natierelch och bannent dëse Kreesser duerchaus politesch behandelt gëtt. Grondsätzlech ass festzehalen, datt eng Impfung keen Afloss op Aarbechtsfäegkeet huet, a folgerichteg géif sech dat esou och op den Test bezéien. Wéi gesot, dat lescht Wuert hunn hei d‘Riichter. Bis dohinner dierft sech nach esou munch Ongemaach opdoen.

Hei kann ee beispillsweis drop hiweisen, datt et Etablissementer huet, déi schon zäiteg annoncéiert hunn, keen anzestellen, deen net geimpft wier. Natierlech stellt sech och dësem Kontext d‘Fro, ob een esou „Fuerderungen“ an en Aarbechtsvertrag schreiwen dierf. Laut dem Aarbechtsrecht, an et dierft sech éischter esou verhalen, datt d‘Fro am „Interview“ gestallt gëtt. Dat erliichtert d‘Saach…

Wat kéint awer net muss iwwerraschen

Erënnere mir also op dëser Plaz kuerz dorunner, datt d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert zwar net bei de Parlamentswale kandidéiert hat, an virun hirem Mandat eng Dose Joren als Riichterin um Verwaltungsgeriicht aktiv war. Si sollt sech folgerichteg eppes mat legislativen Texter auskennen an dat kann erklären, firwat si sech hirer Saach éischter sécher ass. Dat emol als virsiichteg Erklärung.

Et gouf jo an dësem Kontext säitens dem Aarbechtsminister Dan Kersch schonn eppes Remarken. Hien ass jo och weiderhin der Meenung, datt d‘Impfung zum Aarbechtsschutz gehéiert wéi den Helm oder de Sécherheetsbrëll. Ob dëse „Verglach“ generell d‘Strooss hält? Ob sech Beruffer ënnert sech gläich bewäerte loossen? D‘Riichter dierften sech domadder scho schwéier dinn.

An de Fall vun der Soignante ass jo och schonn eppes „besonnesch“. Et nämlech längst e Gesetz, mat deem dem Gesondheetspersonal verschidden Impfunge virgeschriwwe ginn. Firwat een net einfach dohinner geet, an de Covid19 derbäi gesat huet? Nach emol de Premier ass angeblech Jurist esou jo wuel och d‘Gesondheetsministesch, also aus wéi engem Grond goung dat elo hei net?

Dës Fro wäert wuel onbeäntwert bleiwen a bis et zu engem Urteel am Fall vun der HRS-Soignante kënnt, dierft nach vill Waasser de Bierg ofgaange sinn. En attendant ass d‘Fra hir Schaff lass, a vill anerer dierften sech dësen Drock och ausserhalb dem Gesondheetssecteur net wëllen Aussetzen, da wuel léiwer awer d‘Impfung. Dat dierft d‘Regierung erfreeën, ass et jo den Zweck vum Drock.

Illustratioun: © Bermix Studio / unsplash

Related topics Aarbechtsrecht, CovidCheck, Entlossung, Gesondheetssecteur, Impfflicht, Impfung, Impfzertifikat
Next post Previous post